Exkursioun op Géisdref (Antimon-Carrière) an op Stolzebuerg (Koffergrouf)

Date/Heure
30/09/2018
09:30 - 18:00

Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar

Categories


D’Frënn vum natur musée – Les Amis du Musée national d’histoire naturelle an d’SNL invitéieren op eng Dages-Exkursioun an zwou historësch Carrièren am Norde vum Land:

D’Antimon-Carrière vu Géisdref an d’Koffergrouf vu Stolzebuerg

Zesumme mam Mineralog vum MNHNL, dem Simon Philippo, besiche mir déi zwee Minnen a kréien interessant geologesch, historesch a mineralogesch Informatiounen zum Thema. Ënnerwee gëtt et och bestëmmt nach Interessantes aus Fauna a Flora z’entdecken.

Programm:

  • Rendez-vous an Depart um 9.30 Auer op der Stater Gare (Parking Post)
  • Tëschestopp um 9.40 Auer zu Dummeldéng um Parking vun der Gare
  • Tëschestopp um 10.00 Auer zu Ettelbréck um Busarrêt virum Cape (Place Marie-Adelaïde)
  • Mëttegiessen am Restaurant Koeppe Jemp
  • Retour zu Lëtzebuerg géint 18.00 Auer

Präis: 37 € (Transport, Féierungen, Entrée a Menu sec abegraff)

Umeldung:

per E-Mail: oder per Telefon 462240-320 bis spéitstens de 15. September.

Gitt bei der Umeldung onbedéngt un, wou der an de Bus eraklammt a wat fir e Menu der wëllt!  Weider Renseignementer am Sekretariat vun de Frënn: 462240-320 oder

Dëst ass den Ersatz-Rendez-vous vum 22. Abrëll 2018, wo dësen Tour leider musst ofgesot ginn. Prioritéit hunn déi Leit, déi scho bezuelt haten.

Net vergiessen: Waarm Kleedung, fest Schong, Täscheluucht oder Kappluucht.

Programm a weider Informatiounen am PDF-Format [PDF 556 Kb]