Dawn Chorus – de Chouer vum fréie Moien um 100,7

Date/Heure
06/05/2018
07:00 - 08:00

Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar

Categories


Parus caeruleus- Blaumeise – Eurasian blue tit. Foto: SICONA.

An Zesummenaarbecht mam iresche Radio RTÉ an der Union Européenne de Radio-Télévision (UER) proposéiert de radio 100,7 de 6. Mee vu 7:00 bis 8:00 Auer eng exklusiv Live Iwwerdroung vu Vullegesang aus verschiddenen europäesche Länner.

Esou wéi eise Planéit ëm seng eegen Achs dréit, beweegt sech d’Linn vum Sonnenopgank no Westen. Synchron mat där Beweegung leeft eng Well vu Gesank aus Milliounen a Milliarde Schniewele queesch iwwert de Kontinent. Dat ass den Dawn Chorus, de Chouer vum fréie Mueren.

 

De radio 100,7 iwwerdréit den Naturspektakel exklusiv zu Lëtzebuerg tëscht 7:00 a 8:00 Auer. Tune in!