Trefft d´Naturalisten – E kuerze Bilan vun der 3. Editioun

D´Serie vu Videokonferenzen, déi vun Oktober 2022 bis Mäerz 2023 zum drëtte Mol vun der SNL an dem ‘natur musée’ organiséiert gouf, ass nees op vill Zousproch gestouss! Insgesamt hunn iwwer 350 Leit un de sechs Virträg iwwer Zoom deelgeholl.

Eemol am Mount hunn Naturalisten verschidden Aartegruppe virgestallt a fir d’Aartevilfalt begeeschtert. Et goung ëm d´aarteräich Wisen an hier Renaturéierung, d´Naturalisten an der Wikipedia, Beem, den Herbier vum Naturmusée, d´Mooswelt an Aarteschutzmesuren fir bedroten Vullenaarten. Eise Merci geet fir d’éischt un d’Referente Claire Wolff, Simone Schneider, Claude Meisch, Eike Jablonski, Thierry Helminger, Florian Hans a Fernand Schoos fir hir exzellent Virträg. E besonnesche Merci gëllt dem ‘natur musée’ fir d´Collaboratioun, dem Thierry Helminger fir d´Moderatioun an och de Partner Administration de la nature et des forêts, Association des Biologistes Luxembourgeois, Frënn vum ‘natur musée’, Naturschutzsyndikat SICONA an dem Institut de formation de l’Éducation nationale. Um Enn natierlech och e grousse Merci un all déi Leit, déi sech jiddwer Mount mat vill Interessi zougeschalt hunn.