Trefft d´Naturalisten – E klenge Bilan

D´Serie vu Videokonferenzen, déi vun Oktober 2021 bis Mäerz 2022 zum zweete Mol vun der SNL an dem ‘natur musée’ organiséiert gouf, ass op vill Zousproch gestouss. Insgesamt hunn iwwer 300 Leit un de sechs Virträg iwwer Zoom deelgeholl.

Eemol am Mount hunn Naturalisten verschidden Aartegruppe virgestallt a fir d’Aartevilfalt begeeschtert. Et goung ëm d´Fliedermais, Faren, Vullen, Galen, d´Paleontologie an d´DNA-Fuerschung. Eise Merci geet fir d’éischt un d’Referente Jacques Pir, Alain Frantz, Yves Krippel, Max Steinmetz, Ben Thuy, Liliane Burton a Nico Schneider fir hir exzellent Virträg, déi ëmmer erëm d’Passioun fir d’Natur an hir Erfuerschung illustréiert hunn. E besonnesche Merci gëllt dem ‘natur musée’ fir d´Collaboratioun, dem Thierry Helminger fir d´Moderatioun an och de Partner Administration de la nature et des forêts, Association des Biologistes Luxembourgeois a Frënn vum ‘natur musée’. Um Enn natierlech och e grousse Merci un all déi Leit, déi sech jiddwer Mount mat vill Interessi zougeschalt hunn.