Formatiounszyklus Natur erliewen a verstoen

Date/Heure
08/05/2018 - 31/10/2018
00:00

Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar

Categories


Natur erliewen a verstoen – sech aktiv fir den Naturschutz engagéieren! Vun der Theorie zum Engagement an der Praxis: e Formatiounszyklus vu 6 Aktivitéiten vu Mee bis Oktober 2018, organiséiert vum Mouvement Ecologique a vum Oekozenter Pafendall

Um Terrain, an der Natur, wëlle mer Landschaften a Liewensraim mat hire spezielle Planzen- an Déierenaarte kennen an Zesummenhäng verstoe léieren. Wéi sinn déi Liewensraim am Gaang ënnert dem Afloss vum Mënsch (z.B. duerch Land- a Forstwirtschaft, Siidlungsentwëcklung, Ëmweltbelaaschtung, Klimawandel…) ze veränneren? Wouduerch genee ass dee grousse Verloscht u Biodiversitéit bedéngt?

Mir wëllen awer ons och informéieren, wien fir Naturschutz hei am Land zoustänneg ass, wat fir Gesetzer a Prozeduren et gëtt, déi en Afloss hunn op den Naturschutz (Naturschutz-, Bësch-, Waasserwirtschaftsgesetz, Gesetz iwwert d’Bebauung an den Uertschaften, d’Landesplanung…). Wéi eng Etüden mussen hautdesdaags gemaach ginn, wann en Agrëff an d’Natur geplangt ass? Wéi kann een e Liewensraum zu Lëtzebuerg schützen oder restauréieren? Wéi eng Programmer gëtt et fir Liewensraim an Aarten ze schützen?

A mir wëlle ganz besonnesch driwwer schwätzen, wéi ee kann aktiv ginn fir méi Naturschutz duerchzesetzen: A wéi enge Prozedure kann een als Bierger sech abréngen? Wat kann eng Gemeng maachen, wat deen Eenzelen, wat Veräiner? Op wat z.B. uechten, wann e Lotissement an der Gemeng geplangt ass? Wéi kann een méi Gréngs an eis Uertschaften erabréngen? Wéi ka mat de Baueren zesumme méi Naturschutz an eiser Kulturlandschaft konkret gemaach ginn? Wat bedeit eng méi naturno Forstwirtschaft?…

Umeldung bis den 2. Mee 2018 per Email un oder un Mouvement Ecologique 6, rue Vauban L-2363 Lëtzebuerg.

 

Programm am PDF-Format [PDF 477 Kb].