Week-end an der Pfalz: Eng Wanderreess mat naturalisteschen a techneschen Héiepunkter

Date/Heure
16/06/2018 - 17/06/2018
07:00 - 20:00

Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar

Categories


D’Frënn vum natur musée an d´Société des naturalistes luxembourgeois machen en 2-Daages-Ausfluch an d’Pfalz, eng Nopeschgéigend déi ganz vill ze bidden huet : Vun de Rheinauen bis zum Biosphärenreservat Pfälzerwald-Nordvogesen mat herrlëchen Fielsformatiounen a räicher Fauna a Flora, an zum aneren en Technikmusée, deen wäit iwwert d’Grenzen bekannt ass.

Auszuch aus dem Programm

Samschdes, 16. Juni

7.00 Auer: Départ op der Gare zu Lëtzebuerg (Parking Post vis-à-vis vun der Gare)

9.30 Auer: Technik-Museum Speyer, gefouert Visite vun 2 Stonnen

14.30 – 17.00 Auer: Geféiert Wanderung am Speyerer Auwald mam Här Roland Kirsch, Regionalbeoptragten vum BUND fir d‘Pfalz

Sonndes, 17. Juni

8.30 Auer: Fahrt aus der Rheinebene an de Pfälzerwald bei d’Biosphärenhaus, dem Besucherzentrum vum Biosphärenreservat Pfälzerwald / Nordvogesen

11.00 Auer: Wanderung mam Ulrich Diehl, Gestionär vum Biosphärenhaus Pfälzerwald/Nordvogesen. Den Tour geet op ca. 8 km durch de Pfälzer Wald an d´Naturschutzgebidd Königsbruch. Picknick an der Mëttesstonn an der Natur (Lunchpaket)

20.00 Auer: Arrivée zu Lëtzebuerg.

 

De komplette Programm fannt Dir hei am Format PDF [PDF 643 Kb].