Dawn Chorus – Eng Symphonie vun der Natur um 100,7

Date/Heure
07/05/2017
06:00 - 07:00

Lieu de l'activité / du RV
Saint Anne's Park

Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar

Categories


Parus caeruleus- Blaumeise – Eurasian blue tit. Foto: SICONA.

An Zesummenaarbecht mam iresche Radio RTÉ an der Union Européenne de Radio-Télévision (UER) proposéiert de radio 100,7 de 7. Mee vu 6:00 bis 7:00 Auer eng exklusiv Live Iwwerdroung vu Vugel-Gesank aus dem St. Anne’s Park an der Bull Island bei Dublin.

Esou wéi eise Planéit ëm seng eegen Achs dréit, beweegt sech d’Linn vum Sonnenopgank no Westen. Synchron mat där Beweegung leeft eng Well vu Gesank aus Milliounen a Milliarde Schniewele queesch iwwert de Kontinent. Dat ass den Dawn Chorus, de Chouer vum fréie Mueren.

De Gesank vun de Vigel verbënnt eis Mënschen, egal aus wéi engem Land mir sinn a wou mir hi ginn. Wäit iwwert Grenzen a kulturell, reliéis oder wirtschaftlech Differenzen, ass d’Symphonie vun der Natur praktesch fir all Mënsch zougänglech.

Zënter iwwer 20 Joer iwwerdréit den Derek Mooney um Iresche Radio RTÉ de Gesank vun de Vigel live an Irland. Doraus ass d’Traditioun vum Dawn Chorus Day entstanen. 2017 ass doraus en 100% europäesche Projet ginn, un deem sech ë.a. Radiostatiounen a Russland, Norwegen, Holland, an och an England bedeelegt hunn, an deen iwwert d’UER a ganz Europa diffuséiert gëtt.

Derek Mooney (RTÉ): “De Feedback, dee mir all Joer vun Ireschen Nolauschterer kréien, huet eis iwwerzeegt, datt den Dawn Chorus wierklech eppes ganz, ganz Spezielles ass. Et ass perfekt fir de Radio gëeegent.”

De Projet gouf viru kuerzem an der Kategorie “Radio Event vum Joer” mam prestigiéise Präis Rose d’Or ausgezeechent.

De radio 100,7 iwwerdréit den Naturspektakel exklusiv zu Lëtzebuerg tëscht 6:00 a 7:00 Auer, direkt aus dem St. Anne’s Park an der Bull Island bei Dublin. Tune in!