Cours de détermination de papillons

Date/Heure
30/06/2018 - 04/08/2018
10:00 - 16:00

Lieu de l'activité / du RV
SICONA

Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar

Categories


De SICONA, d’SNL, d’ABIOL an den natur musée invitéieren Iech häerzlech op hier zwee Päiperleks-Bestëmmungscoursen:

Fir Ufänger: Päiperleke kenneléieren a bestëmmen
Samschdeg, den 30. Juni vun 10 bis 16 Auer

Interesséiert Dir Iech fir Päiperleken? Wëllt Dir si méi genee kenne léieren? Wësse wéi een di verschidden Aarte ënnerscheede kann a wou se liewen? Wann Dir dëst a méi wëllt gewuer ginn, dann invitéiere mir Iech häerzlech op eise Päiperleksbestëmmungsdag fir Ufänger!

Braunfleckiger Perlmutterfalter. Foto: S. Schneider

 

Fir Fortgeschrattener: Päiperleks-Kenntnisser verdéiwen
Samschdeg, den 4. August vun 10 bis 16 Auer

Falls Dir schon kënneg am Räich vun de Päiperléke sidd a méi iwwert méi speziell Aarten kenneléiere wëllt oder op den Ufänger-Cours opbauen wëllt, dann huelt Deel un eisem zweeten Bestëmmungsdag fir Fortgeschrattener!

Béid Coursen fannen am Regionale Biodiversitéitszentrum zu        Olm (12, rue de Capellen) statt.
Mir treffen eis am Biodiversitéitszentrum fir eng theoretesch Aféierung zum jeweilegen Thema. No engem Picknick bilde mer Fahrgemeinschaften a fueren op Sitten, wou mir zesummen um Terrain no interessanten Aarte sichen (Destinatioun: Bartreng/Stroossen).
Bréngt äre Picknick, Gezei, dat dem Wieder entsprécht, a fest Schung mat. Wie scho Bestëmmungsbicher huet, kann déi och matbréngen. Alles anescht kritt Dir gestallt.

Umelle kann ee sech bis de 8. Juni beim SICONA ënnert der Telefonsnummer 26 30 36 27 oder ënnert der E-mail-Adress . De Cours gëtt op Lëtzebuergesch gehal.

D’Coursen gi vum INAP unerkannt.

→ Invitatioun am Format PDF [PDF 550 Kb] op franséisch an op lëtzebuergesch.