Virtrag & Excursion: En Iwwerliewe fir eis Päiperleken

Date/Heure
25/05/2019
10:30 - 16:00

Lieu de l'activité / du RV
Biodiversum

Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar

Categories


Am Kader vun der Biodiversitéitswoch hält de Marcel Hellers en interessanten Virtrag iwwer d’Villfalt vu Päiperleken zu Lëtzebuerg, de Geforen deenen se ausgesat sinn a wéi mer hinnen hëllefe kënnen. De Virtrag ass um 10:30 Auer.

Um 14:00 Auer, wann d’Wieder et zouléisst, ass ugeduecht fir no dem Virtrag op engem Tour am Naturschutzgebitt „Haff Réimech“ dës Villfalt un faszinanten Déiercher z’erliewen.

 → Einladung PDF [160 Kb]

Treffpunkt: Centre nature et forêt Biodiversum Camille Gira, Remerschen (5, Bréicherwee)

Et ass keng Umeldung erfuerderlech.

Organisation: Centre nature et forêt Biodiversum Camille Gira, l’Administration de la nature et des forêts, natur&ëmwelt et la SNL.