Naturalistesch Oweswanderung

Date/Heure
10/05/2019
19:00 - 22:00

Lieu de l'activité / du RV
Schoul ze Huelmes (Hollenfels)

Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar

Categories


Am Kader vun der neier Ausstellung „NUIT“ am Naturmusée organiséieren d‘Frënn vum Naturmusée – Les Amis du Musée national d’histoire naturelle an d’Société des Naturalistes Luxembourgeois (SNL) e flotten Tour ronderëm d‘Thema: Dämmerungs- an nuetsaktiv Déieren an de Stärenhimmel.

Programm

19.00 Auer: Depart op dem Parking vun der Schoul ze Huelmes (Rue de Tuntange, L-7435 Hollenfels). Kuerz Faart mam Linnebus bis erof bei d’Weieren.

Ënnerwee um Wanderwee duerch d’zukünfteg Reserve naturelle Mandelbaach-Reckenerwald (ca. 5 km) erwaarden eis e puer Naturalisten (Catherine Faber, Marc Moes, Roger Schauls), déi eis Spannendes iwwer verschidden dämmerungs- an nuetsaktiv Déiere wéi Amphibien, Wëllkaz, Bëschkauz a Fliedermais presentéieren.

Géint 22 Auer: Ofschloss mat Stäre kucken (Änder Mousset).
Duerno kann een den Tour gemittlech an der Pizzeria Revue passéiere loossen.

Denkt w.e.g. drun eng Täscheluucht matzebréngen a fest Wanderschong unzedoen.
Fir de Busbilljee ass jidderee selwer zoustänneg (am Bus bezuelen oder Kaart/Abo)!

Fir d’Umeldung oder eventuell Froen: , Tel. 462240-320 oder .

De Programm fannt Dir hei am PDF-Format [PDF 695 KB].