Matmaach-Aktioun zum Gaardeschléifer, Siweschléifer an Hieselmaus

Date/Heure
14/06/2021 - 01/10/2021
00:00

Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar

Categories


Et geet ëm de Gaardeschléifer, de Siweschléifer an d’Hieselmaus, déi europäesch Vertrieder vun der Famill vun de Schléifer, déi och zu Lëtzebuerg virkommen.

De Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall, an Zesummenaarbecht mat der SNL, der ABIOL an dem “natur musée”, wëlle mat Ärer Hëllef erausfannen, wou et nach iwwerall Gaardeschléifer, Siweschléifer an Hieselmais zu Lëtzebuerg gëtt. Esou kënne bestoend Populatioune besser geschützt an d’Uspréch déi dës Déieren un hire Liewensraum stelle besser identifizéiert ginn. Mat dëser Aktioun soll awer och op de Schutz vun hiere Liewensraim opmierksam gemaach a sensibiliséiert ginn.

Maacht mat bei der Aktioun – Méldunge vu Schléifer

Mellt all Är Beobachtunge wou a wéini Dir e Schléifer gesinn hutt an/oder verwandelt Äre Gaart an ee Liewensraum fir d’Schléifer bzw. sëtzt Iech a fir een naturnoen Ënnerhalt vun den ëffentleche Flächen!

Hei gidd Dir méi iwwer déi dréi Schléiferaarten zu Lëtzebuerg an zur Aktioun gewuer!

Download vum Flyer zur Aktioun mat Stéckbréiwer zu den Aarten an Informatiounen, wéi een matmaache kann [722 KB]