Vu Wëllbeien an Harespelen: Eko-ethologesch Beobachtungen zu Lëtzebuerg

Date/Heure
21/04/2020
18:30 - 20:00

Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar

Categories


Virtrag vum Nico Schneider

De Virtrag gëtt online gehal an Dir kënnt live vun doheem aus derbäi sinn! Dat ass ganz einfach:
Dir musst Iech just bis den 21. Abrëll 2020 um 17 Auer iwwert de Link hei https://zoom.us/webinar/register/WN_tLhCDhNoQt2w5GZ2RTdKKg
registréieren an Iech da pünktlech ab 18.20 Auer zouschalten. De Link ass gülteg fir déi éischt 100 Aschreiwungen.
De Virtrag gëtt och live op der Facebook-Säit vum ’natur musée’ facebook.com/naturmuseelux iwwerdroen. Hei ass keng Registréierung néideg.

Inhalt
Am Virtrag gi Wëllbeien- an Harespel-Aarte virgestallt, déi a Fielsen, Maueren, Holz, Schleekenhaisercher an op sëllegen onerwaarte Plazen nisten. Am Mëttelpunkt stinn dësen Insekten hiert Verhalen, hir Näschter, hir Relatioun zum Substrat, an deem se nisten, hir Parasitten an aner Locatairë vun hiren Näschter. Um Beispill vun enger Beiefamill gëtt den aktuellen Zoustand vun de Wëllbeien zu Lëtzebuerg opgezeechent an iwwer Mesuren nogeduecht, déi den Aarteschwund bremse kéinten.

De Referent
De Nico Schneider beschäftegt sech zënter ville Joere mat de Wëllbeien, Galen an aner Insektegruppen. Hien ass Auteur vu villen Artikelen, engem Buch a laangjärege Member vun der SNL souwéi wëssenschaftleche Mataarbechter vum MNHNL.

Organisatioun
Société des naturalistes luxembourgeois – SNL (www.snl.lu)
Musée national d’histoire naturelle – ‘natur musée’ (www.mnhn.lu)

Einladung am PDF-Format [876 KB]