Serie vu Videokonferenzen: Trefft d´Naturalisten

Date/Heure
18/10/2021 - 07/03/2022
20:00 - 21:30

Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar

Categories


D´SNL an den Naturmusée an Zesummenaarbecht mat weideren Organisatiounen invitéieren op eng Serie vu Video-Konferenzen vun Oktober 2021 bis Mäerz 2022, méindes um 20 Auer.

Ënnert dem Motto “Trefft d´Naturalisten” präsentéieren Iech eis Spezialiste verschidden Aartegruppen an erzielen iwwert hir Aarbecht beim Beobachten a Bestëmmen. Wëssenswäertes a flott Geschichten iwwer interessant Aarten: vun de Kiewerleken, Nuetspäiperleken iwwer d´Mamendéieren, Planzen asw. – Dir dierft gespaant sinn!

D´Virträg daueren 30-45 Minutten, duerno ass Zäit fir Froen an e flotten Austausch.

D’Zil ass et, verschidden Aartegruppe virzestellen a fir d’Aartevilfalt ze begeeschteren, awer och op den Aarteverloscht opmierksam ze maachen. D’Virträg ginn op Lëtzebuergesch gehalen.

Fir kënne live bei de Videokonferenzen derbäi ze sinn, muss ee sech fir all eenzel Konferenz umellen. D’Zuel vun de Participante pro Videokonferenz ass op max. 100 begrenzt. No der Registréierung erhalt Dir eng Bestätigung per E-Mail mat Informationen iwwer d´Deelhuelen un der Videokonferenz.

Programm an Umeldung

18.10.21 um 20 Auer
Mat Flilleken nuets heemlech ënnerwee: Fliedermais!
Jacques Pir
Fir d’Umeldung hei klicken

15.11.21 um 20 Auer
Op der Sich no Spueren am Bësch an um Feld: DNA-Analysen an der Wëll-Déiere-Fuerschung
Alain Frantz
Fir d’Umeldung hei klicken

13.12.21 um 20 Auer
Gréng ass net gläich gréng – iwwert Far, Kazeschwanz an Hexemoos zu Lëtzebuerg
Yves Krippel
Fir d’Umeldung hei klicken

10.01.22 um 20 Auer
Mat Spektiv, Rank oder GPS-Sender Vulle kenne léieren a schützen
Max Steinmetz
Fir d’Umeldung hei klicken

07.02.22 um 20 Auer
Vum Stëbskär zum Mieresmonster, alles eng Fro vun der Evolutioun
Ben Thuy
Fir d’Umeldung hei klicken

07.03.22 um 20 Auer
Galen: Planzendeformatiounen als Äntwert op d’Presenz vu Parasitten
Liliane Burton & Nico Schneider
Fir d’Umeldung hei klicken

Moderatioun: Simone Schneider & Thierry Helminger

De Programm fannt Dir och hei [PDF 1,4 MB].

Organisatioun: Société des naturalistes luxembourgeois & Naturmusée an Zesummenaarbecht mat der Association des biologistes luxembourgeois, den Amis du Musée an der Administration de la nature et des forêts.