Serie vu Videokonferenzen: Trefft d´Naturalisten

Date/Heure
26/10/2020 - 22/03/2021
20:00 - 21:30

Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar

Categories


D´SNL an den Naturmusée an Zesummenaarbecht mat weideren Organisatiounen invitéieren op eng Serie vu Video-Konferenzen vun Oktober 2020 bis Mäerz 2021, méindes um 20 Auer.

Ënnert dem Motto “Trefft d´Naturalisten” präsentéieren Iech eis Spezialiste verschidden Aartegruppen an erzielen iwwert hir Aarbecht beim Beobachten a Bestëmmen. Wëssenswäertes a flott Geschichten iwwer interessant Aarten: vun de Kiewerleken, Nuetspäiperleken iwwer d´Mamendéieren, Planzen asw. – Dir dierft gespaant sinn!

D´Virträg daueren 30-45 Minutten, duerno ass Zäit fir Froen an e flotten Austausch.

D’Zil ass et, verschidden Aartegruppe virzestellen a fir d’Aartevilfalt ze begeeschteren, awer och op den Aarteverloscht opmierksam ze maachen. D’Virträg ginn op Lëtzebuergesch gehalen.

Fir kënne live bei de Videokonferenzen derbäi ze sinn, muss ee sech fir all eenzel Konferenz umellen. D’Zuel vun de Participante pro Videokonferenz ass op max. 100 begrenzt. No der Registréierung erhalt Dir eng Bestätigung per E-Mail mat Informationen iwwer d´Deelhuelen un der Videokonferenz.

Programm an Umeldung

26.10.20 um 20 Auer
Marder, Kéiseker, Fuuss & Co: Mamendéieren vun Z bis A
Laurent Schley
Fir d’Umeldung hei klicken

23.11.20 um 20 Auer
Kiewerleken – Eng bemierkenswäert Diversitéit
Lisa Siebenaler
Fir d’Umeldung hei klicken

14.12.20 um 20 Auer
iNaturalist: Eng App fir Jeeër a Sammler vun Donnéeën
Sandra Cellina, Guy Colling & Paul Braun
Fir d’Umeldung hei klicken

18.01.21 um 20 Auer
Ostracoden – Muschelkriibsen: Interessantes iwwer hire Kierperbau, hir Ekologie, hir Liewensweis an hir Evolutioun
Claude Meisch
Fir d’Umeldung hei klicken

22.02.21 um 20 Auer
Planzen: Sie lafen net fort – oder dach?
Simone Schneider
Fir d’Umeldung hei klicken

22.03.21 um 20 Auer
Kleng Nuetspäiperleken: Just nëmme Matten, oder?
Marcel Hellers
Fir d’Umeldung hei klicken

De Programm fannt Dir och hei [PDF MB].

Organisatioun: Société des naturalistes luxembourgeois & Naturmusée an Zesummenaarbecht mat der Association des biologistes luxembourgeois, den Amis du Musée an der Administration de la nature et des forêts.