Serie vu Videokonferenzen: Trefft d´Naturalisten

Date/Heure
17/10/2022 - 27/03/2023
20:00 - 21:30

Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar

Categories


D´SNL an den Naturmusée an Zesummenaarbecht mat weideren Organisatiounen invitéieren op eng Serie vu Video-Konferenzen vun Oktober 2022 bis Mäerz 2023, méindes um 20 Auer.

Ënnert dem Motto “Trefft d´Naturalisten” präsentéieren Iech eis Spezialiste verschidden Aartegruppen an erzielen iwwert hir Aarbecht beim Beobachten a Bestëmmen. Wëssenswäertes a flott Geschichten iwwer interessant Aarten: vun de Kiewerleken, Nuetspäiperleken iwwer d´Mamendéieren, Planzen asw. – Dir dierft gespaant sinn!

D´Virträg daueren 30-45 Minutten, duerno ass Zäit fir Froen an e flotten Austausch.

D’Zil ass et, verschidden Aartegruppe virzestellen a fir d’Aartevilfalt ze begeeschteren, awer och op den Aarteverloscht opmierksam ze maachen. D’Virträg ginn op Lëtzebuergesch oder Däitsch gehalen.

Fir kënne live bei de Videokonferenzen derbäi ze sinn, muss ee sech fir all eenzel Konferenz umellen. D’Zuel vun de Participante pro Videokonferenz ass op max. 100 begrenzt. No der Registréierung erhalt Dir eng Bestätigung per E-Mail mat Informationen iwwer d´Deelhuelen un der Videokonferenz.

Programm an Umeldung

17.10.22 um 20 Auer
Wisen nees méi faarweg maache – Wéi geet dat dann?
Claire Wolff & Simone Schneider
Fir d’Umeldung hei klicken

21.11.22 um 20 Auer
D’Naturalisten an d’Wikipedia, besonnesch op Lëtzebuergesch
Claude Meisch
Fir d’Umeldung hei klicken

19.12.22 um 20 Auer
Bäume – was wir über sie wissen
Eike Jablonski
Fir d’Umeldung hei klicken

23.01.23 um 20 Auer
Verstoppt awer gutt versuergt: kleng Schätz am Herbier vum Naturmusée
Thierry Helminger
Fir d’Umeldung hei klicken

27.02.23 um 20 Auer
Wie geht es Runzelpeter und Koboldmoos? Einblicke in die Mooswelt Luxemburgs
Florian Hans
Fir d’Umeldung hei klicken

27.03.23 um 20 Auer
Aarteschutzmesuren fir bedroten Vullenaarten – Chancen a Limiten
Fernand Schoos
Fir d’Umeldung hei klicken

Moderatioun: Simone Schneider & Thierry Helminger

De Programm fannt Dir och hei [PDF 1,7 MB].

Organisatioun: Société des naturalistes luxembourgeois & Naturmusée an Zesummenaarbecht mat der Association des biologistes luxembourgeois, den Les amis du musée national d’histoire naturelle, der Administration de la nature et des forêts, dem Naturschutzsyndikat SICONA an dem Institut de formation de l’Education nationale (IFEN).