Serie vu Videokonferenzen: Trefft d´Naturalisten

Date/Heure
16/10/2023 - 18/03/2024
20:00 - 21:30

Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar

Categories


D´SNL an den Naturmusée an Zesummenaarbecht mat weideren Organisatiounen invitéieren op eng Serie vu Video-Konferenzen vun Oktober 2023 bis Mäerz 2024, méindes um 20 Auer.

Ënnert dem Motto “Trefft d´Naturalisten” präsentéieren Iech eis Spezialiste verschidden Aartegruppen an erzielen iwwert hir Aarbecht beim Beobachten a Bestëmmen. Wëssenswäertes a flott Geschichten iwwer interessant Aarten: vun de Kiewerleken, Nuetspäiperleken iwwer d´Mamendéieren, Planzen asw. – Dir dierft gespaant sinn!

D´Virträg daueren 30-45 Minutten, duerno ass Zäit fir Froen an e flotten Austausch.

D’Zil ass et, verschidden Aartegruppe virzestellen a fir d’Aartevilfalt ze begeeschteren, awer och op den Aarteverloscht opmierksam ze maachen. D’Virträg ginn op Lëtzebuergesch oder Däitsch gehalen.

Fir kënne live bei de Videokonferenzen derbäi ze sinn, muss ee sech fir all eenzel Konferenz umellen. D’Zuel vun de Participante pro Videokonferenz ass op max. 100 begrenzt. No der Registréierung erhalt Dir eng Bestätigung per E-Mail mat Informationen iwwer d´Deelhuelen un der Videokonferenz.

Programm an Umeldung

16.10.23 um 20 Auer
Net just gro an al! Alles iwwert d´Gestengs zu Lëtzebuerg
Birgit Kausch
Fir d’Umeldung hei klicken

20.11.23 um 20 Auer
Déi traditionell, linnéesch Klassifikatioun vun de Liewewiesen. Firwat si haut nach am Gebrauch ass
Claude Meisch
Fir d’Umeldung hei klicken

18.12.23 um 20 Auer
Wat summt a brummt do? D´Vilfalt vu Wëllbeien
Alexander Weigand & Fernanda Herrera-Mesías
Fir d’Umeldung hei klicken

22.01.24 um 20 Auer
Déi modern phylogenetesch Klassifikatioun: Virdeeler a Nodeeler
Claude Meisch
Fir d’Umeldung hei klicken

19.02.24 um 20 Auer
Wou sinn si hin, eis Akerwëllkraider?
Thomas Frankenberg & Simone Schneider
Fir d’Umeldung hei klicken

18.03.24 um 20 Auer
Amphibien – Virkommen a konkret Schutzmesuren
Philipp Gräser & Tiago De Sousa
Fir d’Umeldung hei klicken

Moderatioun: Simone Schneider & Thierry Helminger

De Programm fannt Dir och hei [PDF 1,7 MB].

Organisatioun: Société des naturalistes luxembourgeois & Naturmusée an Zesummenaarbecht mat der Association des biologistes luxembourgeois, den Les amis du musée national d’histoire naturelle, der Administration de la nature et des forêts, dem Naturschutzsyndikat SICONA an dem Institut de formation de l’Education nationale (IFEN).