Vu Wëllbeien an Harespelen: Virtrag vum Nico Schneider

vum 21. Abrëll iwwer Webinar

Kuckt hei de Virtrag [Dauer 1:47:17]:

Am Virtrag gi Wëllbeien- an Harespel-Aarte virgestallt, déi a Fielsen, Maueren, Holz, Schleekenhaisercher an op sëllegen onerwaarte Plazen nisten. Am Mëttelpunkt stinn dësen Insekten hiert Verhalen, hir Näschter, hir Relatioun zum Substrat, an deem se nisten, hir Parasitten an aner Locatairë vun hiren Näschter. Um Beispill vun enger Beiefamill gëtt den aktuellen Zoustand vun de Wëllbeien zu Lëtzebuerg opgezeechent an iwwer Mesuren nogeduecht, déi den Aarteschwund bremse kéinten.

De Referent Nico Schneider beschäftegt sech zënter ville Joere mat de Wëllbeien, Galen an aner Insektegruppen. Hien ass Auteur vu villen Artikelen, engem Buch a laangjärege Member vun der SNL souwéi wëssenschaftleche Mataarbechter vum MNHNL.

Organisatioun
Société des naturalistes luxembourgeois & Musée national d’histoire naturelle