Trefft d´Naturalisten – E klenge Bilan

D´Serie vu Videokonferenzen, déi vun Oktober 2020 bis Mäerz 2021 vun der SNL an dem ‘natur musée’ organiséiert gouf, ass op vill Zousproch gestouss. Insgesamt hu bal 400 Leit un de sechs Virträg iwwer Zoom deelgeholl.

Eemol am Mount hunn Naturalisten verschidden Aartegruppe virgestallt a fir d’Aartevilfalt begeeschtert. Et gouf awer och op den Aarteverloscht opmierksam gemaach. Et goung ëm Mamendéieren, Kiewerleken, Päiperleken, Planzen, mee och ëm manner bekannt Gruppe wéi d’Ostracoden. Eise Merci geet fir d’éischt un d’Referente Laurent Schley, Lisa Siebenaler, Paul Braun, Sandra Cellina, Claude Meisch, Simone Schneider a Marcel Hellers fir hir exzellent Virträg, déi ëmmer erëm d’Passioun fir d’Natur an hir Erfuerschung illustréiert hunn. E besonnesche Merci gëllt dem ‘natur musée’ an och de Partner Administration de la nature et des forêts, Association des Biologistes Luxembourgeois a Frënn vum ‘natur musée’. Um Enn natierlech och e grousse Merci un all déi Leit, déi sech jiddwer Mount mat vill Interessi zougeschalt hunn. Et encouragéiert eis, och am nächsten Hierscht a Wanter eng nei Serie vu Virträg unzebidden.