Serie vu Videokonferenzen: Trefft d´Naturalisten

Eis beléift Serie vu Videokonferenze geet geschwënn nees un de Start!

D´SNL an den Naturmusée an Zesummenaarbecht mat weideren Organisatiounen invitéieren op eng weider Oplag vun der Serie vu Videokonferenze vun Oktober 2026 bis Mäerz 2027, eemol am Mount, Méindes Owes um 20 Auer. D’Zil ass et, verschidden Aartegruppe virzestellen a fir d’Aartevillfalt ze begeeschteren, awer och op den Aarteverloscht opmierksam ze maachen.

De Programm an d´Méiglechkeet fir sech unzemellen fannt Dir hei.