Grënnung vun der Plateforme de promotion de la culture scientifique    

Véierzéng Veräiner wëllen d’Wëssenschaftskultur zu Lëtzebuerg stäerken an hunn dofir den 13. Juli 2026 e Memorandum ënnerschriwwen, mat deem offiziell eng Plattform fir d’Fërderung vun der Wëssenschaftskultur an d’Liewe geruff gouf, dat ënner der Leedung vun der Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal.
D’Zil vun der neier Kooperatiounsstruktur ass et, verschidden Acteuren – virun allem Veräiner – zesummenzebréngen, déi sech mat dem benevolen Engagement vun hire Membere fir d’Vermëttlung vu wëssenschaftlechen an technesche Kenntnisser un de Grand public asetzen. Dat ass e wichtege Schrëtt fir d’Fërderung vun der Wëssenschaft ze Lëtzebuerg. D’SNL ass ee vun de véierzéng Veräiner vun der Plattform.
Pressecommuniqué [PDF 186 Kb]