Vum eelste Lëtzebuerger bis an d’haiteg Zäit

Date/Heure
28/06/2015
Toute la journée

Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar

Categories


Laang Zäite louch de Loschbour-Mann an der Vitrine vum Naturmusée ze schlofen, mee d’lescht Joer am Hierscht ass en erwächt an den Ament e richtege Weltstar. Héich Zäit deemno fir méi iwwert säin deeglecht Liewe virun 8000 Joer gewuer ze ginn. Mee net nëmmen hien huet Spuren hannerlooss. An de Bëscher verstoppt fënnt een och nach Reschter vun der Heringerbuerg, enger bal vergiessener Ritterbuerg. D‘Buerg an d’Renaissance-Schlass vu Beefort si weider Zeien dofir, dass och a spéideren Zäite vill hei lass wor. An trotzdem ass dëst Dall bis haut eng onzerstéiert Naturlandschaft mat typeschen a seelene Planzegesellschafte vum Lëtzebuerger Sandsteen.

Guiden: Foni Le Brun-Ricalens a Jean-Jacques List.

Invitatioun a Programm [PDF 403 KB]

Organisatioun: Amis du Musée national d’histoire naturelle (AMNHN) an Zesummenaarbecht mat der SNL.