Serie vu Videokonferenzen: Trefft d´Naturalisten

Date/Heure
12/10/2026 - 15/03/2027
20:00 - 21:30

Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar

Categories


D´SNL an den Naturmusée an Zesummenaarbecht mat weideren Organisatiounen invitéieren op eng weider Serie vu Video-Konferenzen vun Oktober 2026 bis Mäerz 2027, méindes um 20 Auer.

Ënnert dem Motto “Trefft d´Naturalisten” präsentéieren Iech eis Spezialiste verschidden Aartegruppen an erzielen iwwert hir Aarbecht beim Beobachten a Bestëmmen. Wëssenswäertes a flott Geschichten iwwer interessant Aarten: vun de Kiewerleken, Nuetspäiperleken iwwer d´Mamendéieren, Planzen asw. – Dir dierft gespaant sinn!

D´Virträg daueren 45 Minutten, duerno ass Zäit fir Froen an e flotten Austausch.

D’Zil ass et, verschidden Aartegruppe virzestellen a fir d’Aartevilfalt ze begeeschteren, awer och op den Aarteverloscht opmierksam ze maachen. D’Virträg ginn op Lëtzebuergesch, Däitsch oder Englesch gehalen.

Fir kënne live bei de Videokonferenzen derbäi ze sinn, muss ee sech fir all eenzel Konferenz umellen. No der Registréierung erhalt Dir eng Bestätigung per E-Mail mat Informationen iwwer d´Deelhuelen un der Videokonferenz.

Programm an Umeldung

12.10.26 um 20 Auer
D´Räich vun den Insekten: Vu Loftakrobate bis Buedembuddeler
Marie Daleiden & Stefan Ehl
Fir d’Umeldung hei klicken

16.11.26 um 20 Auer
Pärele vun eise Gewässer: Eis heemesch Séisswaassermuschelen
Frankie Thielen
Fir d’Umeldung hei klicken

14.12.26 um 20 Auer
Fëschsaurier an aner Fossilien: Zeie vun engem vergaangene Mier
Robert Weis
Fir d’Umeldung hei klicken

18.01.27 um 20 Auer
Erausfuerderunge fir eis Waasserwelt: Fësch an hier Bedroung
Carole Molitor
Fir d’Umeldung hei klicken

15.02.27 um 20 Auer
Ja, spinnen die denn? Die erstaunliche Vielfalt der Spinnen
Volker Hartmann
Fir d’Umeldung hei klicken

15.03.27 um 20 Auer
D´Vullewelt am Wandel: Wou sinn eis Oppeland-Aarten?
Patrick Lorgé
Fir d’Umeldung hei klicken

Moderatioun: Simone Schneider & Thierry Helminger

De Programm fannt Dir och hei [PDF 1,7 MB].

Organisatioun: Société des naturalistes luxembourgeois & Naturmusée an Zesummenaarbecht mat dem Naturschutzsyndikat SICONA, der Association des biologistes luxembourgeois, den Les amis du musée national d’histoire naturelle, der Administration de la nature et des forêts, der Fondation Hëllef fir d´Natur an dem Ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité