Serie vu Videokonferenzen: Trefft d´Naturalisten

Date/Heure
20/10/2025 - 09/03/2026
20:00 - 21:30

Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar

Categories


D´SNL an den Naturmusée an Zesummenaarbecht mat weideren Organisatiounen invitéieren op eng weider Serie vu Video-Konferenzen vun Oktober 2025 bis Mäerz 2026, méindes um 20 Auer.

Ënnert dem Motto “Trefft d´Naturalisten” präsentéieren Iech eis Spezialiste verschidden Aartegruppen an erzielen iwwert hir Aarbecht beim Beobachten a Bestëmmen. Wëssenswäertes a flott Geschichten iwwer interessant Aarten: vun de Kiewerleken, Nuetspäiperleken iwwer d´Mamendéieren, Planzen asw. – Dir dierft gespaant sinn!

D´Virträg daueren 45 Minutten, duerno ass Zäit fir Froen an e flotten Austausch.

D’Zil ass et, verschidden Aartegruppe virzestellen a fir d’Aartevilfalt ze begeeschteren, awer och op den Aarteverloscht opmierksam ze maachen. D’Virträg ginn op Lëtzebuergesch, Däitsch oder Englesch gehalen.

Fir kënne live bei de Videokonferenzen derbäi ze sinn, muss ee sech fir all eenzel Konferenz umellen. D’Zuel vun de Participante pro Videokonferenz ass op max. 150 begrenzt. No der Registréierung erhalt Dir eng Bestätigung per E-Mail mat Informationen iwwer d´Deelhuelen un der Videokonferenz.

Programm an Umeldung

20.10.25 um 20 Auer
Biology and distribution of Mosquitoes: Small bites – big effects
Francis Schaffner
Fir d’Umeldung hei klicken

17.11.25 um 20 Auer
Flechten – eng beandrockend Symbios
Paul Diederich
Fir d’Umeldung hei klicken

15.12.25 um 20 Auer
Ënner an iwwer Waasser – déi speziell Vegetatioun un de Klenggewässer
Alena Helfenberger & Max Oly
Fir d’Umeldung hei klicken

12.01.26 um 20 Auer
Kleine Überlebenskünstler: Zecken und ihre erstaunliche Vielfalt
Alexander Weigand
Fir d’Umeldung hei klicken

09.02.26 um 20 Auer
D´Liewe vun de klengen Draachen – Reptilie méi no
Philipp Gräser & Roland Proess
Fir d’Umeldung hei klicken

09.03.26 um 20 Auer
Ekosystemer an hier Roll fir d´Natur an de Mënsch
Simone Schneider
Fir d’Umeldung hei klicken

Moderatioun: Simone Schneider & Thierry Helminger

De Programm fannt Dir och hei [PDF 1,7 MB].

Organisatioun: Société des naturalistes luxembourgeois & Naturmusée an Zesummenaarbecht mat der Association des biologistes luxembourgeois, den Les amis du musée national d’histoire naturelle, der Administration de la nature et des forêts, dem Naturschutzsyndikat SICONA  an dem Ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité