Excursioun an zwou interessant historësch Carrièren am Norden vum Land: D’Antimon-Carrière vu Goesdorf an d’Koffergrouw vu Stolzembourg

Date/Heure
22/04/2018
09:30 - 18:00

Sauvegarder dans votre calendrier
Outlook | iCalendar | Google Calendar

Categories


D’Frënn vum natur musée – Les Amis du Musée national d’histoire naturelle an d’SNL invitéieren op eng Dages-Excursioun an zwou interessant historësch Carrièren am Norden vum Land:

D’Antimon-Carrière vu Goesdorf an d’Koffergrouw vu Stolzembourg

Zesumme mam Mineralog vum MNHNL, dem Simon Philippo besiche mir déi zwee Minen a kréien interessant geologësch, historësch a mineralogësch Informatiounen zum Thema. Ënnerwee gët et och bestëmmt nach Interessantes aus Fauna a Flora z’entdecken.

Programm:

  • Rendez-vous an Départ um 9.30 Auer op der Stater Gare (Parking Post)
  • Zwëschestopp um 9.40 Auer zu Dummeldéng um Parking vun der Gare
  • Zwëschestopp um 10.00 Auer zu Ettelbréck um Busarrêt virum Cape (Place Marie-Adelaïde)
  • Mëttegiessen am Restaurant Koeppe Jemp
  • Retour zu Lëtzebuerg géing 18.00 Auer

Präis: 37 € (Transport, Féierungen, Entrée a Menu sec abegraff)

Umeldung:

per email: oder per Telefon 462240-320 bis spéitstens den 18. Abrëll.

Gitt bei der Umeldung onbedéngt un, wou der an de Bus eraklammt a wat fir e Menu der wëllt!  Weider Renseignementer am Sekretariat vun de Frënn: 462240-320 oder

Net vergiessen: Waarm Kleedung, fest Schong, Täscheluucht oder Kappluucht.

 

Programm a weider Informatiounen am PDF-Format [PDF 556 Kb]